Gespréich mam Martine Deprez

Wat sinn d’Pläng vun der néier Regierung beim Thema Kriibs zu Lëtzebuerg? Wourop wëll si de Fokus riichten?

D’Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet Martine Deprez (CSV) gëtt een éischten, kuerzen Ausbléck op hier Amtszäit a wat si a Saache Kriibspreventioun a Patientebetreiung wëll ugoën.

15 März 2024
Gespréich mam Martine Deprez

Gebuertsdatum: 26/04/1969

Nationalitéit: Lëtzebuergesch

Berufflech Aktivitéiten: 

  • 1992 - 2001 Chargée d'études bei der IGSS
  • 2002 - 2023 Mathésenseingante
  • 2012 - 2023 Staatsconseillère am Staatsrot

Aktuell Funktioun: Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet

Studien: Université de Liège, Lizenz an der Mathematik (1992)

Madamm Ministesch, wat sinn Är Pläng an Ambitiounen an der Lutte géint de Kriibs?

Berufflech hat ech viru mengem Amtsuntrëtt keng Erfarung mam Thema Kriibs, mee ech hunn am Privaten duerch meng Elteren erlieft, wat eng Kriibsdiagnos fir déi Betraffen an hiert Ëmfeld bedeit. Et ass esou, datt de Regierungsprogramm
virgesäit, datt all eis national Preventiounsprogrammer a Pläng op hir Effikassitéit iwwerpréift ginn. Fir eis gëllt et an enger éischter Phase elo ze analyséieren, wat gutt leeft a wou et Verännerung brauch. De Liewensstil vun de Mënschen huet ee groussen Impakt an der Kriibspreventioun an ech mengen hei gëllt et ee méi staarkt Bewosstsi fir Risiken ze schafen. Zäitgläich gëtt et nach ëmmer e gewësse Stigma ronderëm d’Krankheet, well vill Persounen dovun ausginn, datt déi Betraffen zwéngend un hirer Erkrankung Schold hunn. Mee et ass eng Krankheet, déi all Mënsch treffe kann, an et soll een sech net genéieren sech déi Hëllef ze sichen, déi ee brauch.

A wéi wëllt Dir Kriibspatienten a -patientinnen besser ënnerstëtzen? Vill Betraffe kréie jo zum Beispill nach net alleguer d’Medikamenter, déi an der ganzer Behandlung néideg ginn, rembourséiert.

Ech ka keng Verspriechen ofginn, mee et schéngt mir perséinlech sënnvoll, datt eise Gesondheetssystem de Betraffenen alles gëtt, wat se brauche fir nees gesond ze ginn. Wann elo e Kriibspatient e Schlofmëttel wärend der Therapie brauch, da sinn ech dat Lescht, wat géing behaapten, datt dat net néideg ass. Wann eppes medezinesch indiquéiert ass, da musse mir kucken, wéi mir et bezuelt kréien. Dofir war et jo och meng Fuerderung, d'sozial Sécherheet an d’Gesondheet hei am Ministère ze verknäppen. Aus menger berufflecher Erfarung weess ech, datt et hei dacks Ofstëmmungsprobleemer gëtt, wa mir dat elo besser harmoniséiert kréien, da stellen sech Problemer ewéi de Remboursement vu Medikamenter fir Kriibspatiente laangfristeg gesi villäicht net méi.

Soins de santé

Eng Preventiounsmoossnam géint de Kriibs ass d’Erhéijung vum Tubakspräis. Hei zu Lëtzebuerg ass deen am Verglach zum EU-Ausland jo relativ niddreg. Am Regierungsprogramm steet awer näischt dran. Wisou?

Etudë weisen, datt een Effet eréischt festgestallt gëtt, wann et eng substantiell Erhéijung gëtt. 20 oder 30 Cent bréngen do net vill. Et ass sécherlech een Thema, mat deem mir eis an der Regierung wäerten ausenaner setzen an dëser Amtszäit, mee och hei kann ech nach keng Gewëssheet ginn, ob hei Mesurë kommen. Wat Tubaksgesetzer ugeet, orientéiere mir eis un den europäesche Gesetzgebungen a setzen dës sou ëm, wéi et virgesinn ass. Wann eppes am grenznoen Ausland verschäerft gëtt, da musse mir hei natierlech reagéieren, dat steet ausser Fro.

An eisen Ëmfroe konstatéiere mir dacks, datt et bei de Jonken nach grouss Wëssenslacune bei gewësse Sujete vun der Kriibspreventioun hunn - zum Beispill wat d’Gefor vun der Waasserpäif ugeet oder d’Virdeeler vun enger HPV-Impfung. Wéi kann een dat verbesseren?

D’Opklärung iwwer Gesondheetssujete fänkt zwar doheem un, mee se muss ausserhalb weidergefouert ginn. Besonnesch an de Schoule brauch et, menger Erfarung no, eng besser Gesondheetsbildung. Dat ass e grousse Chantier. Ech observéieren zum Beispill bei de Jonken eng grouss Skepsis beim Thema Impfungen, do misst ee schonn fréi ufänken iwwert d’Virdeeler ze informéieren. Gesamtheetlech a kontinuéierlech.

„Besonnesch an de Schoule brauch et, menger Erfarung no, eng besser Gesondheetsbildung. Dat ass e grousse Chantier.“

Was Sie auch interessieren könnte

Les partis politiques face au cancer - Améliorer la qualité de vie des patients
Nachrichten

Krebsbehandlung : wo stehen Luxemburgs Parteien?

Im Oktober stehen in Luxemburg Parlamentswahlen an. Krebsbehandlungen und -prävention gehören nicht unbedingt zu den großen Wahlkampfthemen, betreffen...
Les partis politiques face au cancer - Améliorer la qualité de vie des patients
Nachrichten

Tabak: wo stehen Luxemburgs Parteien?

Im Oktober stehen in Luxemburg Parlamentswahlen an. Krebsbehandlungen und -prävention gehören nicht unbedingt zu den großen Wahlkampfthemen, betreffen...