Sie setzen sich für den Kampf gegen Krebs ein

Die Missionen der Fondation Cancer können nur dank der Großzügigkeit ihrer Spender erfüllt werden : Gemeinsam handeln wir gegen den Krebs, jede Spende ist ein Zeichen der Hoffnung für die Zukunft.

In dieser Rubrik finden Sie die neuesten Schecküberreichungen, die aus den Spendenaktionen, die für die Fondation Cancer organisiert wurden, resultieren.

Es gibt verschiedene Möglichkeiten um eine Spendensammlung zu organisieren, und wir können Sie dabei unterstützen.

Ils s'engagent contre le cancer - Remises de chèque de la Fondation Cancer

Auchan Cloche d’Or

Remise de chèque - Auchan Cloche d'Or - Octobre Rose 2025

2.000 €

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet Auchan Cloche d’Or ausgewielte Produiten ugebueden, bei deene pro Verkaf 1 € un d’Fondation Cancer gespent gouf.

„Mir sinn houfreg, datt Auchan Luxembourg och dëst Joer nees d’Aktioun Rosa Oktober ënnerstëtzt huet, domat hu mir schonns fir déi zweete Kéier hannereneen un dëser wichteger Campagne deelgeholl. Dëst Engagement ass fest an eise Wäerter verankert a mir sinn dovun iwwerzeegt, wéi wichteg Sensibiliséierung a Präventioun an der Lutte géint de Broschtkriibs sinn, a mir wëlle weiderhin dëse Message vu Solidaritéit an Hoffnung droen. D’ganz Ekipp vun Auchan Luxembourg ass all Joer mat grousser Begeeschterung dobäi. Hiert Engagement mécht dës Aktioun iwwerhaapt méiglech. E grousse Merci un all déi, déi sech zesumme mat eis mobiliséiert hunn, fir dëst Joer nees e Succès draus ze maachen. Loosst eis dës wichteg Saach och weiderhin zesummen ënnerstëtzen.“, seet de Pierre Friang, Marketing Manager bei Auchan Retail Luxembourg.

D’Scheckiwwerreechung huet am Auchan Cloche d’Or stattfonnt, an der Präsenz vun der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëse staarke Geste.

Adikt Ink Tattoo Studios

1.310 €

Am November huet d’Team vun Adikt Ink Tattoo Studios eng Solidaritéitsaktioun organiséiert fir d’Fondation Cancer z’ënnerstëtzen. Fir all Tattoo oder Piercing, deen am Laf vum Mount gemaach gouf, si 5 € un d’Fondation Cancer gespent ginn. Esou koum duerch d’Generositéit vun 262 Clienten eng Zomm vun 1.310 € zesummen.

„Am November hu mir eis bewosst fir de gudden Zweck engagéiert. Fir all Tattoo oder Piercing goufe 5 € un d’Fondation Cancer gespent. E ganz grousse Merci un all déi, déi bei eis laanschtkomm sinn an eis dobäi gehollef hunn, eng Cause z’ënnerstëtzen, déi eis besonnesch um Häerz läit.“, seet d’Ekipp vun Adikt Ink.

D’Scheckiwwerreechung huet am Studio um Boulevard Prince Henri stattfonnt, an der Präsenz vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet dem ganzen Team vun Adikt Ink an all de Clienten, déi matgemaach hunn, häerzlech Merci gesot.

Remise de chèque - Adikt Ink Tattoo Studios

D'Stäip – Escher Nohëllef

Remise de chèque - d'Stäip

1.000 €

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d’Escher Nohëllef, d’Stäip, eng flott Solidaritéitsaktioun organiséiert. Um Escher Maart hunn d’Mataarbechter selwergemaach Kichelcher an Eisekuche verkaaft – fir e gudden Zweck an zur Sensibiliséierung fir de Broschtkriibs bäizedroen.

Duerch d’Generositéit vun de ville Leit, déi laanscht de Stand komm sinn, ass eng Zomm vun 1.000 € zesummekomm. Dës Spend gouf an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer un d’Direktesch Margot Heirendt iwwerreecht.

„30 Joer Stäip feiere mir dëst Joer; dat sinn 30 Joer voller Geschichte ronderëm Nohëllef, Schüler, Elteren, Enseignantë, Famill a Frënn … a virun allem ass et d’Geschicht vun engem permanente Engagement. Doraus gouf och eis bescheiden Aktioun ‚d’Stäip um Escher Wochemaart – Octobre Rose 2025‘ gebuer: frëscht Gebäck fir e gudden Zweck! Mat Freed ënnerstëtze mir mam Erléis d’Fondation Cancer an hirer esou wichteger Aarbecht!“, seet d’Ekipp vun der Escher Nohëllef.

D’Margot Heirendt huet bei der Scheckiwwerreechung dem Direkter Jean-Marie Goy, souwéi all Bedeelegten, häerzlech Merci gesot. 

Infiniti - Comeback-Concert zu Garnech, am Gedenken un d’Ana

1.040 €

No 14 Joer Paus war d’Lëtzebuerger Hard-Rock-Band INFINITI zeréck op der Bün: de 15. November hunn si hiert 25-järegt Bestoen am Centre culturel “Veräinshaus” zu Garnech gefeiert. De Concert war gläichzäiteg eng Solidaritéitsaktioun zu Gonschte vun der Fondation Cancer am Gedenken un d’Ana.

„D’Krankheet huet dech eis vill ze fréi fortgeholl, mee an eisen Häerzer bleifs du fir ëmmer.“, seet de Steve Weyland, Sänger vun Infiniti.

Pro verkaaften Ticket, goufen 2 € un d’Fondation Cancer gespent; esou koum eng Zomm vu 600 € zesumme. D’Band huet dës Zomm op 1.000 € opgeronnt.

D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten, der Band, dem Organisatiounsteam an dem Publikum, häerzlech Merci gesot fir dëse flotte Geste.

Remise de chèque - Infiniti

Rock against cancer 2025

Remise de chèque - Rock against cancer 2025

12.000 €

Den 12. September 2025 hunn d’Bands Mad Fox an Ten Thirty Nine d’Mauere vun der Rockhal zum Wackele bruecht – fir de gudden Zweck. De Rock against cancer, dee vun de Mataarbechter a Benevolle vu Swiss Life Luxembourg organiséiert gëtt, ass zanter méi wéi zéng Joer e feste Rendez-vous fir all déi, déi sech gären engagéieren a gläichzäiteg eng flott Stëmmung genéissen.

Wéi all Joer gëtt d’Akommes vum Concert zum Deel un d’Fondation Cancer gespent, fir hiren Asaz am Beräich Präventioun, Begleedung vu Patienten an d’Fuerschung z’ënnerstëtzen.

Als Zeeche vun dësem Engagement gouf den 28. Oktober an de Raimlechkeete vu Swiss Life Luxembourg symbolesch e Scheck vun 12.000 € iwwerreecht. D’Scheckiwwerreechung huet an der Präsenz vun der CEO Karine Verbruggen, de Benevollen, de Museker an de Vertrieder vun der Fondation Cancer stattfonnt.

D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hiren Engagement an hir Generositéit.

Lorraine Pilates & Coaching

1.425 €

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet Lorraine Pilates & Coaching och 2025 nees eng Solidaritéitsaktioun zu Gonschte vun der Fondation Cancer organiséiert. Zanter 2022 engagéiert d’Lorraine Boucley Gramain sech all Joer am Oktober fir d’Sensibiliséierung a fir Spenden ze sammelen.

Dëst Joer huet d’Lorraine de Weekend vum 25. a 26. Oktober Pilates-Course ginn, bei deenen d’Akommes integral zu Gonschte vun der Fondation Cancer gespent gouf. Parallel dozou goufen d’Participante mat Flyeren an Affichë fir d’Thema Broschtkriibs a seng Präventioun opmierksam gemaach. Esou ass eng generéis Zomm vun 1.425 € zesummekomm.

„Fir dat drëtte Joer hannertenee weise meng Pilates-Schüler eng grouss Generositéit: dëse Scheck un d’Fondation Cancer ass d’Resultat vun eisem Asaz. Zesumme komme mir méi wäit.“, seet d’Lorraine Boucley Gramain am Numm vun alle Bedeelegten.

D’Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer stattfonnt, an der Präsenz vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. D’Margot huet dem Lorraine an all de Participante vun hire Coursen häerzlech Merci gesot fir dëst onermiddlecht Engagement.

Remise de chèque - Lorraine Pilates & Coaching - Octobre Rose 2025

Mara Cruciani

Remise de chèque - Mara Cruciani - Octobre Rose 2025

2.000 €

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober engagéiert d’Mara Cruciani sech zanter Joren onermiddlech fir d’Fondation Cancer. Och dëst Joer huet d’Mara nees eng Solidaritéitsaktioun organiséiert, fir d’Opmierksamkeet op de Broschtkriibs ze lenken a Spenden ze sammelen.

D’Mara huet a senger Garage Heekelkreatiounen a selwergemaache Kichelcher a Kuch verkaaft – an och am Laf vum ganze Mount Oktober weider Spende gesammelt. Esou ass eng generéis Zomm vun 2.000 € zesummekomm, déi integral un d’Fondation Cancer geet.

„Ech probéieren d’Fraen drop opmierksam ze maachen, sech reegelméisseg an net ze spéit ofchecke ze loossen, an op sech opzepassen. 90 % vun de Broschtkriibsfäll kënne geheelt ginn, wann se fréi erkannt ginn.“, seet d’Mara Cruciani.

D’Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer stattfonnt, an der Präsenz vun der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. D’Margot huet dem Mara, dem Paola an dem Pina, souwéi alle Bedeelegten déi dës Aktioun ënnerstëtzt hunn, häerzlech Merci gesot fir hiert Engagement. 

Dussmann

1.600 €

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d’Ekipp vun Dussmann Food Service eng flott Solidaritéitsaktioun op d’Bee gesat.

Am Laf vum Mount Oktober hunn d’Mataarbechter kleng Käerze fir 2 € d’Stéck verkaf, souwuel am CHL zu Eech wéi och an hirem Haaptsëtz zu Conter. Duerch dëse Verkaf koum déi generéis Zomm vun 1.600 € zesummen, déi integral un d’Fondation Cancer gespent gouf.

Mat dëser Aktioun huet Dussmann e staarkt Zeeche vu Solidaritéit gesat. D’Mataarbechter hunn sech mat vill Zesummenhalt engagéiert, fir d’Opmierksamkeet op d’Thema Broschtkriibs ze stäerken an d’Präventioun an de Mëttelpunkt ze stellen.

D’Scheckiwwerreechung huet am CHL zu Eech stattfonnt, an der Präsenz vum Françoise Reuter, Vertriederin vun Dussmann, a vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. D’Margot Heirendt huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dës Solidaritéitsaktioun.

Remise de chèque - Dussmann - Octobre Rose 2025

Association des Parents d’Élèves de l’École Portugaise d’Ettelbruck

Remise de chèque - APE Ettelbruck - Octobre Rose 2025

3.526,12 €

D’Elterevereenegung vun der portugisescher Schoul zu Ettelbréck (APE – Associação de Pais de Ettelbruck) an d’Enseignanten hunn och dëst Joer hir Solidaritéit am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober gewisen.

D’Membere vun der Associatioun hunn an der Groussgaass zu Ettelbréck e Stand mat Kaffi a Kuch organiséiert, fir Spende fir d’Fondation Cancer ze sammelen. D’Aktioun, déi zanter ville Joren all Hierscht stattfënnt, gouf och dës Kéier mat vill Engagement vun de Schüler, den Elteren an de Léierpersonal ënnerstëtzt.

Duerch dës flott Initiativ koumen am Ganzen 3.526,12 € zesummen, e Rekord am Verglach mat de leschte Joren.

„Mat eiser Aktioun wëlle mir weisen, datt ee just zesumme staark ass am Kampf géint de Kriibs.“, seet d’Clara Santos, am Numm vun der Elterevereenegung vun Ettelbréck, vun der Elterevereenegung vun der portugisescher Schoul zu Dikrech an de Schüler vum Cours de Langue et Culture Portugaises.

D’Scheckiwwerreechung huet am Lycée Technique zu Ettelbréck stattfonnt, an der Präsenz vun der Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement. 

Foyer

6.725 €

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet Foyer seng Mataarbechter fir d’Thema Broschtkriibs sensibiliséiert an an de Raimlechkeete vum Betrib zu Leideleng eng interaktiv Konferenz organiséiert. D’Audrey Gustin, wëssenschaftlech Responsabel bei der Fondation Cancer, huet dës Geleeënheet genotzt, fir iwwer d’Risiken, d’Fréierkennung an d’Präventioun ze informéieren.

Am Uschloss un dës Sensibiliséierungsaktioun huet Foyer eng Spend vu 6.725 € un d’Fondation Cancer iwwerreecht. Dës Zomm setzt sech aus enger interner Kollekt an engem Don vum Betrib selwer zesummen.

D’Scheckiwwerreechung huet an der Präsenz vun der CEO Marie-Hélène Massard stattfonnt, déi d’Wichtegkeet vun dësem Engagement ervirgehuewen huet.

D’Audrey Gustin huet no der Konferenz all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëse generéisen Don. 

Remise de chèque - Foyer - Octobre Rose 2025

Baloise

Remise de chèque - Baloise - Octobre Rose 2025

7.457 €

D'Assurance Baloise huet d'Fondation Cancer am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober mat engem Don vu 7.457 € ënnerstëtzt.

Dës Zomm ass duerch d'Spende vu Mataarbechter an duerch d’Aschreiwungskäschte vun engem Solidaritéitslaf, deen d'Assurance organiséiert huet, zustane komm.

„Mir si frou, d’Aarbecht vun der Fondation Cancer bei eis am Haus ze vermëttelen, iwwer Solidaritéits- a Sensibiliséierungsaktioune fir eis Mataarbechter an Agenten. Dat si staark Momenter, déi eis Ekipp ronderëm wichteg mënschlech Wäerter zesummebréngen: Nolauschteren, Ënnerstëtzung a Grousshäerzegkeet.“, seet d’Elénore Bertoncini, Responsabel vum Direktiounsbüro a Kommunikatioun bei Baloise.

D'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot.

DSV Luxembourg

500 €

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober 2025 huet DSV Luxembourg eng intern Spendenaktioun organiséiert an d’Mataarbechter duerch Opklärung a Sensibiliséierungsaktivitéiten mobiliséiert.

„Am Kader vum Rosa Oktober huet sech déi ganz Ekipp vun DSV Luxembourg mat vill Generositéit fir de Kampf géint de Broschtkriibs agesat. Mir hunn eng intern Spendencampagne organiséiert – e kloert Zeeche vum Zesummenhalt an dem Engagement vun eisen Ekippen. Fir d’Initiativ nach ze stäerken, hu mir entscheet, de Betrag, deen d’Personal gesammelt huet, ze verduebelen. Domat komme mir am Ganzen op 500 € a weise gläichzäiteg, wéi wichteg eis dës Saach ass. E ganz häerzleche Merci un all déi, déi matgemaach hunn – ären Asaz a Solidaritéit zielen!“, seet de Mohamed Siraj, Generaldirekter vun DSV Luxembourg. 

Esou konnt eng genéréis Zomm vu 500 € un d’Fondation Cancer iwwerreecht ginn. D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet der ganzer Ekipp vun DSV Luxembourg häerzlech Merci gesot. 

Remise de chèque - DSV Luxembourg

Uns helfen

Helfen Sie uns ...

.. unsere Missionen weiter zu erfüllen!

Die Missionen der Fondation Cancer können nur dank der Großzügigkeit ihrer Spender erfüllt werden. Ihre finanzielle Unterstützung ermöglicht es uns, Menschen zu helfen, die an einer Krebserkrankung leiden und die Krebsforschung zu fördern. Auch die Prävention ist eine unserer Missionen, denn viele Krebserkrankungen sind eigentlich vermeidbar.

Es gibt mehrere Möglichkeiten, der Fondation Cancer mit einer Spende zu helfen, wählen Sie diejenige, die Ihnen am besten passt!

Spenden

Faire un don régulier_Il n'y a pas de petits dons, que de grands coeurs

Was Sie auch interessieren könnte

Organiser une collecte pour la Fondation Cancer
Eine Spendenaktion organisieren
Faire un don en ligne pour la Fondation Cancer
Online spenden
Die Vision der Fondation Cancer
Unsere Vision