Sie setzen sich für den Kampf gegen Krebs ein
Die Missionen der Fondation Cancer können nur dank der Großzügigkeit ihrer Spender erfüllt werden : Gemeinsam handeln wir gegen den Krebs, jede Spende ist ein Zeichen der Hoffnung für die Zukunft.
In dieser Rubrik finden Sie die neuesten Schecküberreichungen, die aus den Spendenaktionen, die für die Fondation Cancer organisiert wurden, resultieren.
Es gibt verschiedene Möglichkeiten um eine Spendensammlung zu organisieren, und wir können Sie dabei unterstützen.

Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe (AELK)
2.210 €
Zanter 1986 organiséiert d’Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe (AELK) all Joer hir traditionell Vëlosheemrees. Vun Karlsruhe bis op Lëtzebuerg, an dat an engem Dag: Dat ass d’Zil vun dëser Aktioun, déi dëst Joer scho fir d’39. Mol organiséiert gouf.
Säit e puer Joer steet bei dëser sportlecher Erausfuerderung net méi just den Éiergäiz am Mëttelpunkt, mee och d’Solidaritéit: All zeréckgeluechte Kilometer gëtt iwwer Parrainage a Spenden an eng konkret Ënnerstëtzung ëmgewandelt – dëst Joer fir d’Fondation Cancer. D’Cycliste goufen dobäi vun engem Parrain oder enger Marraine ënnerstëtzt, déi sech bereet erkläert hunn, pro Kilometer eng fräi wielbar Zomm ze spenden.
D’Cycliste sinn ëm 5:30 Auer zu Karlsruhe gestart – no méi wéi 12 Stonnen um Vëlo ass d’Ekipp bei der Fondation Cancer ukomm, wou se mat vill Häerzlechkeet empfaange goufen. An enger flotter Atmosphär konnt sech jidderee erëm erhuelen, austauschen an zesumme feieren.
„Wat 1986 als sportlech Erausfuerderung ugefaangen huet, ass mat der Zäit zu engem Mix aus sportlechem Challenge a sozialem Engagement ginn. All Joer fuere mir vu Karlsruhe op Lëtzebuerg, a jidderee kann eis mat enger Spend pro Kilometer ënnerstëtzen. Dëst Joer hate mir d’Freed, d’Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.“ – seet de Pol Bissener, Sportsdelegéierte vun der AELK.
D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegte wärend der Scheckiwwerreechung häerzlech Merci gesot fir den Engagement.

Luxembourg Times BusinessRun 2025

32.278 €
Déi 11. Editioun vum Luxembourg Times BusinessRun war e grousse Succès: Méi wéi 8.000 Leeferinnen a Leefer hunn an hire faarwege T-Shirten an originelle Kostümer déi 5 Kilometer ronderëm d’Coque gemeeschtert.
Wéi och déi lescht Joren huet de Luxembourg Times BusinessRun pro Participant d’Fondation Cancer mat 2 € ënnerstëtzt. Nieft de Spende vun den Organisateure konnten d'Participanten och erëm BusinessRun-Heroes ginn, andeems si sech och mat engem Don bedeelegt hunn. Si kruten e speziellen Dossard fir d'Course, deen hiren Engagement gewisen huet.
Esou koum eng generéis Zomm vun 32.278 € fir d’Fondation Cancer zesummen.
Bei der Scheckiwwerreechung huet d’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, de Participanten, den Organisateuren, de Sponsoren an allen Entreprisen e ganz häerzleche Merci ausgeschwat fir hiren Asaz.
Stonefort Reinsurance SA
5.000 €
Fir hire 25. Gebuertsdag huet de Stonefort Group seng Mataarbechter mobiliséiert an eng Solidaritéitsaktioun gestart, bei där all Schratt gezielt huet. Wärend engem Dag hunn si hir Schrëtt getrackt – an all Schratt gouf an eng Spend ëmgewandelt. D’Mataarbechter konnten dono ofstëmmen, u wéi eng Organisatioun d'Sue solle goen – a si hunn sech fir d’Fondation Cancer entscheet.
„Mir si frou, d’Fondation Cancer bei hirer wichteger Aarbecht z’ënnerstëtzen. Iwwer 24 Stonnen hu mir all Schratt gezielt an domat e konkreten a symbolesche Bäitrag geleescht – fir ze weisen, datt wierklech all Schratt zielt am Kampf géint de Kriibs.”, seet d’Lisa Müller, stellvertriedend Managerin an der Personalverwaltung bei Stonefort Reinsurance SA.
Am Laf vu 24 Stonnen ass eng generéis Spend vu 5.000 € zesummekomm. D’Scheckiwwerreechung huet an de Raimlechkeete vu Stonefort Group stattfonnt, an der Präsenz vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet d’Missioune vun der Fondation Cancer kuerz virgestallt an alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement.

Cactus S.A.

15.000 €
Cactus S.A. huet eng Spend vu 15.000 € iwwerreecht fir der Fondation Cancer hir national Sonneschutz-Campagne ze ënnerstëtzen. Déi Campagne ass speziell dofir geduecht, Kanner am Primärschoulalter déi richteg Gewunnechten an d’Praxis vum Sonneschutz bäizebréngen. Fir d’Bewosstsinn ze stäerken, ginn Tattooe verdeelt, déi d’Faarf änneren, wann d’UV-Stralung héich ass, sou datt d’Kanner direkt gesinn, wéini et Zäit ass, sech anzecrèmen.
„Gesondheetspräventioun heescht net just Broschüre verdeelen oder Plakater ophänken – et geet drëms, bei de Mënschen ze sinn, hinnen eppes an d’Hand ze ginn, wat wierklech eppes bewierkt. E klengen UV-Tattoo kann d’Gespréich an d’Rulle bréngen – mat de Kanner oder Frënn. An heiansdo brauch et net vill: e klengen Denkustouss ka schonn eng grouss Wierkung hunn.”, seet d’Véronique Schmitt, Direktesch fir Kommunikatioun, Marketing a RSE bei Cactus S.A.
Am Kader vun dëser Initiativ huet Cactus och an all hire Filialen 10.000 UV-Tattooe verdeelt, fir d’Familljen am Alldag un déi néideg Sonneschutzmoossnamen ze erënneren.
D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet all Bedeelegte wärend der Scheckiwwerreechung häerzlech Merci gesot fir dësen Engagement.
Fischer
6.000 €
Vun Februar bis Juni, huet Fischer an all hire Filialen déi sougenannten „Petit Pain Énergétique“ ugebueden – e Bréitchen aus verschiddene Kornzorten, Nëss, Sonneblummekären a Cranberries. Fir all verkaafte Bréitche goufen 0,10 € un d’Fondation Cancer gespent. Esou koum eng generéis Zomm vu 6.000 € zesummen.
„D’Mataarbechter vu Fischer setzen sech zënter jee fir wichteg gesellschaftlech Themen an – wéi Gesondheet, Sport oder Bildung. Datt mir säit e puer Joer un der Säit vun der Fondation Cancer stinn, ass fir eis eng Selbstverständlechkeet. Et geet dorëms, d’Fuerschung z’ënnerstëtzen an de Betraffenen a hire Famillje konkret Hëllef ze bidden” seet d’Michèle Andres, Marketingdirektesch.
D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot.

Association Culturelle Portugaise de Consdorf Asbl

1.000 €
D'Association Culturelle Portugaise de Consdorf huet decidéiert, mat hirer järlecher Spendenaktioun den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen. Am Kader vun de Feierlechkeeten zum 20. Gebuertsdag vum Veräin, hunn d’Veräinsmemberen déi generéis Spend vun 1.000 € iwwerreecht.
D’Scheckiwwerreechung huet am Kulturzenter Kuerzwenkel zu Konsdref stattfonnt, an der Präsenz vum Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer. Si huet d’Missioune vun der Fondatioun kuerz virgestallt an alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir dëse schéine Solidaritéitsgeste.
D’Association Culturelle Portugaise de Consdorf huet dëst Joer fir d’éischte Kéier um Relais pour la Vie deelgeholl – eng Erfarung, déi si déif beréiert huet a si dem Engagement vun der Fondation Cancer nach méi no bruecht huet:
„Well mir scho Mënsche begleet hunn, déi vum Kriibs betraff sinn, wëll eis Associatioun hir Solidaritéit mat all deenen ausdrécken, déi ënner dëser Krankheet leiden. Wéi et op eise T-Shirten um Relais pour la Vie geschriwwe stoung: An dëser Famill kämpft kee Mënsch eleng.“, seet d’Sara Lopes, Sekretärin vum Portugisesche Kulturveräi vu Konsdref.
Lycée Technique de Lallange – Le Ruban des Cœurs
1.372,36 €
D’Schüler aus der Klass 1GS01 vum Lycée Technique de Lallange hunn d’Initiativ „Le Ruban des Cœurs“ op d’Bee gestallt, fir den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen an d’Sensibiliséierung fir d’Kriibsforme bei Fraen ze stäerken.
Am Januar hunn si an der Belle Etoile e Stand organiséiert, wou si hausgemaachte Kichelcher verkaaft hunn. Dëst war gläichzäiteg eng Geleeënheet, fir mat Informatiounsmaterial op déi verschidde Kriibsformen bei Fraen opmierksam ze maachen.
„Ech hu geléiert, datt Courage net bedeit keng Angscht ze hunn, mee fäeg ze sinn, d’Angscht ze iwwerwannen.“, seet d’Selina Jaerling, Schülerin aus der Klass 1GSO1.
D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet alle Bedeelegte vun dëser Solidaritéitsaktioun häerzlech Merci gesot.

Frauen a Mammen Héinescht-Kaalber

3.000 €
Am Kader vun enger rezenter Scheckiwwerreechung hunn d’Frauen a Mammen Héinescht-Kaalber den Engagement vun der Fondation Cancer mat enger Spend vun 3.000 € ënnerstëtzt.
„Et war eis e grousst Uleies, dës Suen un d’Fondation Cancer ze spenden. Mir hunn dëst Joer eng léif Komerodin a Member vun eisem Veräin un de Kriibs verluer. Och de Mann vun enger gudder Frëndin ass un dëser Krankheet gestuerwen. Mat eisem Don wëlle mir dozou bäidroen, dass de Betraffene gehollef ka ginn – an e klengt Zeeche vu Solidaritéit setzen.“, seet d’Josette Lamberty, Keessjee vum Veräi Frauen a Mammen Héinescht-Kaalber.
D’Mariette Bosch, Sozialaarbechterin bei der Fondation Cancer, war fir d’Scheckiwwerreechung op der Plaz. Si huet an enger kuerzer Ried d’Missioune vun der Fondation virgestallt an all Bedeelegten häerzlech Merci gesot.
Schëfflenger Kriibshëllef Asbl
4.000 €
Am Kader vun hirer Generalversammlung hunn d’Membere vun der Schëfflenger Kriibshëllef Asbl der Fondation Cancer eng generéis Spend vu 4.000 € iwwerreecht.
„Schëfflenger Kriibshëllef, mir engagéieren eis, well Kriibs betrëfft eis all“, esou de Motto vum Veräin, seet d’Nadine Kuhn-Metz, Sekretärin vun der Schëfflenger Kriibshëllef.
D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet alle Bedeelegte vun dëser Aktioun häerzlech Merci gesot fir dëse Solidaritéits-Geste. Op Wonsch vum Veräin, gëtt dëse generéisen Don vun der Fondation Cancer genotzt fir weiderhi Patienten an hir Famillen am Alldag ze ënnerstëtzen.

Gemeng Wuermer - Syndicat d'Initiative et de Tourisme

2.000 €
De Syndicat d’Initiative et de Tourisme vun der Gemeng Wuermer huet d’Aarbecht vun der Fondation Cancer och dëst Joer mat engem Don ënnerstëtzt. Am Kader vun hirer Generalversammlung de 7. Mee, ass eng Spend vun 2.000 € un d’Fondation Cancer iwwerreecht ginn.
Dës Zomm ass duerch d’Generositéit vum Henri Hengel, laangjärege President, entstanen, deen no 40 Joer säi Mandat néiergeluecht huet an op säi Cadeau verzicht huet, fir amplaz 1.000 € un d’Fondation Cancer ze spenden. Zousätzlech hunn zwee aner Comitésmemberen, de Fons Zeimet an de Romain Sadler, déi hir Mandater och net méi verlängert hunn, mat jeeweils 500 € bäigedroen.
D’Claudia Gaebel, Responsabel am Beräich Informatioun, Kommunikatioun a Fundraising bei der Fondation Cancer, war fir d’Scheckiwwerreechung op der Plaz an huet an enger kuerzer Ried d’Missioune vun der Fondation virgestallt an all Bedeelegten häerzlech Merci gesot.
Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL)
4.750 €
D’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL) huet och dëst Joer hiren traditionelle Chrëschtdagsturnéier, mat Ënnerstëtzung vun der LASEL, organiséiert. D’Studentencercelen aus dem ganze Land haten hei d’Méiglechkeet, an dräi sportlechen Disziplinne – Basketball, Volleyball a Fussball – géinteneen ze spillen, sech sportlech ze moossen, an dobäi gläichzäiteg eng gutt Saach z’ënnerstëtzen.
Wéi all Joer goufen d’Recetten aus dem Turnéier fir de gudden Zweck gespent – dëst Joer ass d’Wiel op d’Fondation Cancer gefall. Am Ganze koum déi generéis Zomm vu 4.750 € zesummen.
„Mir hunn d’Fondation Cancer ausgewielt, well de Kriibs och eis als Studenten net verschount. Trotz eisem jonken Alter hu vill vun eis Familljememberen oder Frënn verluer oder musse selwer géint dës Krankheet kämpfen. D’Fondation Cancer kämpft net nëmme géint d’Krankheet – si ass och do, fir nozelauschteren, z’ënnerstëtzen an duerch déi schwiereg Zäiten ze begleeden. Mat eiser Aktioun wëlle mir Hoffnung vermëttelen a weisen, datt mir hannert de Betraffene stinn.“, seet de Pit Feltes, Comitésmember vun ACEL.
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot.

OneLife

2.000 €
OneLife huet eng Initiativ lancéiert, fir d’Fondation Cancer z’ënnerstëtzen: Duerch eng intern Verkafsaktioun vun OneLife-Goodies, hu Mataarbechter bannent der Firma Spenden zesummegedroen.
Dës Solidaritéitsaktioun huet et erméiglecht, 1.000 € ze sammelen. D'Kiischt um Kuch: D'Direktioun vun OneLife wollt d'Initiativ vu senge Mataarbechter ënnerstëtzen an encouragéieren, andeems de gesammelte Betrag vun hinne verduebelt ginn ass. Esou konnt déi generéis Zomm vun 2.000 € der Fondation Cancer gespent ginn.
„Zanter bal 35 Joer si mir als Versécherungsgesellschaft zu Lëtzebuerg aktiv an et läit eis um Häerz, eis lokal ze engagéieren. Mir ënnerstëtze gären Initiativen, déi sech fir d’Gesondheet an d’Integratioun vun all Mënsch an eiser Gesellschaft asetzen. Dës Spendenaktioun an eis Participatioun um Relais pour la Vie 2025 si Beispiller vun eisem Engagement – mir wëlle weiderhin eise Bäitrag am Kampf géint de Kriibs leeschten.“, seet de Bruno Valersteinas, CEO vun OneLife.
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot.
Uns helfen
Helfen Sie uns ...
.. unsere Missionen weiter zu erfüllen!
Die Missionen der Fondation Cancer können nur dank der Großzügigkeit ihrer Spender erfüllt werden. Ihre finanzielle Unterstützung ermöglicht es uns, Menschen zu helfen, die an einer Krebserkrankung leiden und die Krebsforschung zu fördern. Auch die Prävention ist eine unserer Missionen, denn viele Krebserkrankungen sind eigentlich vermeidbar.
Es gibt mehrere Möglichkeiten, der Fondation Cancer mit einer Spende zu helfen, wählen Sie diejenige, die Ihnen am besten passt!
