E grousse Merci vun eiser Ekipp

Léif Dammen an Hären,

Ech wëll Iech perséinlech um Enn vun dësem Joer Merci soe fir Ären Engagement un eiser Säit.

Mir sinn immens dankbar op Är Ënnerstëtzung zielen ze kënnen. Dir ënnerstëtzt aktiv d’Kriibsfuerschung an erméiglecht der Fondation Cancer weiderhi Kriibspatienten an hire Léifsten den Alldag ze erliichteren.

Dank effikasse Behandlunge kënnen ëmmer méi betraffe Leit Chrëschtdag an hirem gewinnten Ëmfeld feieren.

Also loosst eis weider alles Méigleches dofir maache fir datt nach méi Patienten Zäit mat der Famill genéisse kënnen. Andeems Dir Haut en Don maacht, sidd Dir fir eis déi bescht Motivatioun an eng immens Ënnerstëtzung.

Am Numm vum Verwaltungsrot an der ganzer Ekipp vun der Fondation Cancer wënschen ech Iech schéi Feierdeeg an ee glécklecht néit Joer.

Dr Carole Bauer, Präsidentin vun der Fondation Cancer

08 Dezember 2022
Dr Carole Bauer, Présidente de la Fondation Cancer

Was Sie auch interessieren könnte

ASCO Annual Meeting 2022
Nachrichten

Neues aus der Krebsforschung - 2022

Jedes Jahr veranstaltet die American Society of Clinical Oncology (ASCO), einen Kongress, um neue Entwicklungen in der Krebsforschung...
Familienmitglied hat Krebs, was nun?
Nachrichten

Ein Familienmitglied hat Krebs, was nun?

Jedes Jahr bekommen in Luxemburg rund 3.000 Menschen Krebs. Für die Betroffenen ist die Diagnose schlimm. Aber auch ihre Familien leiden unter der Krankheit und der neuen Situation.