10 Symptomer vu Kriibs
Bleift opmierksam
Ob Dir eng Fra oder e Mann sidd, an deene meeschte Fäll si folgend Symptomer keen Zeeche vu Kriibs. Et ass also onnéideg sech opzereegen. Et ass allerdéngs besser et geet ee bei säin Dokter wann esou Zeechen undaueren.
1 - Bestännegen an/oder onerkläerlechen Houscht, eng raschteg Stëmm oder bestänneg ausser Otem sinn
2 - Bestänneg an/oder onerkläerlech Schwieregkeet ze schlécken, Verdauungsproblemer, Sodbrennen
3 - Verännerung vum Ausgesi vun engem Schéinheets- oder Pigmentfleck
4 - Onerkläerleche Gewiichtsverloscht
5 - Wonn déi net verheelt
6 - Eng bestänneg an/oder onerkläerlech Verännerung vum Stullgank
7 - Plëtzlech Verännerung vun der Broscht
8 - Bestänneg an/oder onerkläerlech Middegkeet oder Féiwer
9 - Onerkläerlech Bluddungen
10 - Problemer beim Waasser loossen, besonnesch wann Dir ee Mann sidd
Ass dëst undauernd an/oder onerkläerlech?
Waart net fir mat Ärem Dokter driwwer ze schwätzen
Eng Fréierkennung verbessert d’Heelungschancen.
Informéiert Iech héi : 10symptomes.lu










